Detailléiert Konzept

Den detailléierte Konzepttext kënnt Dir deemnächst och hei op Lëtzebuergesch liesen. Bis dohinner kënnt Dir en op deenen aner Sproochen downloaden andeem s Dir uewen am Menü d’Sprooch ännert.

Allgemeng

‘Ofkierzung Ludus als eegene, laténgesche Begrëff bedeit esouwuel “Schoul” an “Training” wéi och “Spill”, “Sport”, “Spaass” an “Entertainment”. Si dréckt de Geescht aus, an deem d’Aktivitéite vun eisem Léieruert stattfanne sollen.

Ee Léieruert ass fir d’éischt emol een Treffpunkt fir Mënschen, déi zesumme wëllen d’Welt a sech selwer entdecken. Et ass idealerweis e Gebai mat ville Raim, an deenen duerch entspriechend Ressourcen ënnerschiddlech Aktivitéiten an de Beräicher Konscht, Beweegung, Wëssenschaft, Meditatioun a prakteschem Wëssen erméiglecht ginn. Ronderëm dat Gebai gëtt et wa méiglech een Terrain, op deem ugeplanzt, gefuerscht a gespillt gëtt, souwéi en Zougang zu Naturberäicher wéi zum Beispill Bësch, Baach a Weier. E Léieruert sicht och den Austausch mat der Mënschecommunautéit déi en ëmgëtt, siefen dat Betriber, Clibb, Crèchen, Altersheemer oder Famillen.

Demokratie am Kader vun där Plaz bedeit, dass all déi Mënschen, déi do zesumme wierken, onofhängeg vun hirem Alter gemeinsam festleeën wéi eng Reegelen noutwenneg sinn, fir dass jidderee sech fräi, sécher a respektéiert fillt. A reegelméissege Versammlunge ginn déi Reegelen iwwerpréift an ugepasst, souwéi Konflikter tëschent de Membere geléist. Och ginn do nei Virschléi fir d’Weiderentwécklung vum Léieruert diskutéiert an ofgestëmmt. D’Eltere vun de Jonken déi de Léieruert besichen ginn souwäit wéi méiglech an de Fonctionnement mat abezunn.

Uechtsamkeet heescht, dass an der Gestioun vum Léieruert e grousse Wäert op Bewosstheet geluecht gëtt. Dozou gehéiert:

  • seng eege Gefiller wouerhuelen, erkennen a matdeele kënnen
  • op säin eegene Kierper lauschteren a verantwortlech domat ëmgoen
  • déi aner Membere vum Léieruert an hir Bedierfnesser kennen an uechten
  • d’Natur ronderëm de Léieruert bewosst kucken, spieren a respektéieren
  • d’Material an d’Uerdnung vum Léieruert verantwortungsvoll behandelen an erhalen

Dës Forme vun Uechtsamkeet gi mat gréisstméiglechem Asaz vun de Léierbegleeder virgelieft an an den ugebuedenen Aktivitéiten trainéiert.

Selbstbestëmmung bedeit, dass d’Handelen an eiser Communautéit aus eegener Iwwerleeung an Entscheedung eraus erfollegt. Jiddereen ass selwer verantwortlech dofir, wéi a mat weem e seng Zäit verbréngt. Et gëtt kee Stonneplang, keng Plichtaufgaben (ausser deenen, déi mer gemeinsam ofstëmmen) a keng virbestëmmte Gruppen oder Alterskategorien. Een Haaptzil vum Léieruert ass d’Förderung vu selwergesteierter Entfalung, an dozou gehéiert, dass keen engem virschreift wat ee léiere soll. Och gëtt et keng Bewäertungen a Vergläicher ausser deenen, déi ee vis-à-vis vun sech selwer virhëlt. D’Léierbegleeder bidden awer hir Ënnerstëtzung u wann se erwënscht ass, an si offréieren oder organiséieren Couren an Atelieën zu hiren eegene Passiounen.

An enger éischter Phas riicht sech LuDUS u jonk Mënschen (Kanner a Jonker), déi offiziell als Homeschooler (“Enseignement à domicile”) ugemellt sinn. Während den Ëffnungszäiten wäerten hinne materiell a personell (qualifizéiert Personal a qualifizéiert Fräiwëlleger) Ressourcen zur Verfügung stoen.

Falls Dir an Är Kanner interesséiert sidd, da fëllt w.e.g. folgende Formulaire aus.