Vernetzt Denken

Vernetzt Denken ass naturno, am Géigesaz zum linearen Denken, dat op vill Auswierkunge vun Handlunge keng Rücksicht hëlt. Wee vernetzt denkt, observéiert genee, wéi all Elementer vun engem System zesummenhänken. E fügt sech dann an dee System an a beaflosst e just esou wäit, dass e selwer dovu profitéiert, ouni d’nohaltegt Funktionéiere vum Ganzen ze stéieren. Idealerweis entsteet dobäi eng Win-win-Situatioun, wou och de System eppes gewënnt.
LuDUS fërdert vernetzt Denken duerch fächer- iwwergräifend Léieren, altersgemëscht Aktivitéiten, Debatten a kollektiv Decisiounen.