Wéi wichteg ass “Digitaliséierung”?

“Digital” heescht jo eigentlech “mat Hëllef vum Fanger”. Aus deem Grond gëtt et ausser der üblecher, technokratescher Definitioun vun Digitaliséierung nach eng zweet, déi grad an dëser angschterfëllter Zäit ëmmer méi u Bedeitung gewënnt: d’Fërderung vu Beréierung, Kierperkontakt, Kuschelen a Masséieren.

Wat fir d’éischt vläicht muncheree schockéiert, well vill “westlech”, kartesianesch geprägte Mënschen “esou” Aktivitéite reflexaarteg an ondifferenzéiert als onanstänneg oder ekleg astufen, ass bei méi entspaantem Iwwerleeën zimmlech evident:

– Mir si kierperlech Wiesen;

– ee vun eise fundamentale Bedierfnesser ass Gebuergenheet, déi zum groussen Deel iwwer de kierperleche Kontakt hiergestallt gëtt (a bei klenge Kanner liewenswichteg ass);

– Beréierung ass een onverzichtbaren Aspekt vu sozialer Kommunikatioun, si stäerkt d’Gefill vun Zesummegehéiregkeet an den Zesummenhalt (virun allem, awer bei wäitem net nëmmen an der Famill);

– Kierperkontakt schaaft Vertrauen, hëlleft Stress ofzebauen a stäerkt den Immunsystem, an dat onofhängeg vum Alter (Stéchwuert Oxytocin);

– virun allem eis Kanner brauche Beréierung, musse kënne rolzen, fänken, een deen aneren ophiewen, unhalen, an den Aarm huelen, fir sech gesond z’entwéckelen;

– a wee wëll ofstreiden, dass och Erwuessener an eeler Leit hir Kanner, Niessen, Enkelen an Urenkelinne mussen dierfen op de Schouss huelen, op d’Schëller klappen, heemelen a léifdrécken?

Illustratioun: Juan Lucena

Egal wéi verständlech d’Virsiichtsmoossnamen am Kontext vun der COVID19-Pandemie sinn, egal wéi komplex d’Reglementatiounen ausfalen, déi ronderëm perséinlech Begéignungen tisséiert musse ginn, eis Gesellschaft däerf Kierperkontakt – och ausserhalb vun der Famill – net tabuiséieren oder verhënneren. Eng am technokratesche Sënn digitaliséiert Welt, wou Kommunikatioun nach just iwwer Telefonn an Internet oder duerch Glasscheiwen ofleeft, kann onméiglech eng Welt ersetzen, déi tatsächlech mat Hëllef vum Taaschtsënn erfaasst gëtt.

D’Wäermt vun eisen Hänn, wa mer een aneren tréischten oder him weise wéi wäertvoll e fir eis ass, d’Kraaft vu Bouwen hiren Äerm wa se rolzen oder sech géigesäiteg hëllefen eng Mauer eropzeklammen, d’Energie déi Frëndinne sech ze spiere ginn wa sech bei der Begréissung emäerbelen, d’berouegend Wierkung vun Elteren hire Fangeren wann se hiert Kand halen an heemelen, an natierlech déi physesch “Reiwungen” vun zwee Partner, déi sech gär hunn a sech vertrauen – all dës nonverbal Zeeche vu Gemeinschaftlechkeet sinn ee fundamentale Bestanddeel vum Mënschsinn an eng onverzichtbar Viraussetzung fir laangfristeg ganz gesond ze bleiwen.