Wann ech de Kleesche wär …

Interview mat Jonken

Christophe: “Wann ech de Kleesche wär da géif ech mer e Baart wuesse loossen amplaz ee kënschtlechen ze droen. Ech géif méng Stëmm net verstellen an da géif ech jiddferengem e Kado maachen, fir dass se all glécklech sinn. Op engem Iesel ze reiden ass och langweileg, e Päerd wär méi originell.
Als Kado géif ech Schoulen an Afrika opriichten an da kritt all Aarmen eppes z’iessen.
Ech géif net alles an ee Buch schreiwen, amplaz géif ech mer alles verhalen.
Et géif just Séissegkeete ginn, keen Uebst.
Ech géif och den Housécker de Rucksak droe loossen.
Ech wëll just datt all Kanner glécklech sinn!”

Yan: “Wann ech de Kleesche wär géif ech mat enger Concorde kommen amplaz mat engem Schlitt. Ech géif mech onsichtbar maachen an dann duerch d’Wänn goen. Ech géif Stärestëbs huelen an en op de Buedem streën, an da kéime Kamäiner raus fir méi schnell op déi aner Säit vun der Äerd ze kommen.
Ech géif deenen aarme Kanner méi Kadoe ginn.
Ech géif eng Sekretärin engagéieren a géif en No-Kleesche vun de Kanner wiele loossen.
Ech géif en Äisbier huele fir d’Kadoe vun der Fabrik an d’Concorde ze droen, an ech hätt Zwergen déi mer hëllefen. Ech géif an Alaska wunnen amplaz um Nordpol.
Ech hätt ee “Waschbrettbauch” amplaz vun engem Béierbauch.
Ech géif probéiere jidderee glécklech an zefridden ze maachen.”

Ana: “Wann ech de Kleesche wär géif ech duerch déi aarm Länner fueren. Ech géif hinne vill Spillsaache ginn an en anständegt Haus.
Wann ech de Kleesche wär géif ech deenen aarme Leit e schéine Chrëschtbeemche schenken.
Mir haut, mir gi vill verwinnt. Also ech als Kleesche géif den aarme Kanner a Leit méi schenke wéi ons haut. Ech géif eis hei a Lëtzebuerg och vill Saache ginn, awer déi Aarm brauche méi wéi mir, z.B. iessen, drénken, net stierwen.”

Sarah: “Wann ech de Kleesche wär géif ech d’Kanner mat dem Schlitt an de Rendéiere mat op d’Rees huelen. Dat wär ganz flott fir d’Kanner.
Ech géif net owes laanscht kommen mee mëttes oder moies. Et ka sinn dass d’Kanner sech esou freën dass se net schlofe kënnen.

Ech géif net nëmmen de Kanner Geschenker bréngen, mee och deenen eelere Leit oder deenen déi krank sinn.
Wann ech de Kleesche wär géif ech net esou vill Séissegkeete verschenken oder Geld, mee och perséinlech Saachen, z.B. eppes aus Holz, oder einfach mol een Ausfluch zesumme man … . Vläicht och net esou vill Plastiksaachen.

Et wär gutt an deenen aarme Länner Kleeder oder Iessen ze bréngen. Am allgemenge géif ech méi an déi arem Länner reesen. Déi brauchen d’Geschenker vläicht méi wéi mir.

Ech géif all Kand ongeféier dee selwechte Wäert u Geschenker ginn, soss sinn der e puer neidesch an dat féiert dann zu Sträit. Dat ass och net de Sënn vun de Geschenker.
Wann ech de Kleesche wär géif ech d’Geschenker selwer de Kanner iwwerreechen, a mat deene Leit déi Problemer hunn mech ënnerhalen an d’Problemer duerchdiskutéieren.

Jeanny: “Ech géif e puermol am Joer kommen, a wann een traureg wier géif ech deen tréischten. Ech géif alle Kanner gerecht Kadoe verdeelen, egal ob grouss oder kleng, schwaarz oder wäiss, behënnert oder gesond, aarm oder räich—jidderee sollt un de Kleesche gleewen dierfen an sech ëmmer erëm all Joer op eppes Neies freën. Jidderee sollt sech op dat Fest, dat Iessen an op d’Kadoe freë kënnen.
Deenen aarme Kanner a Mënsche géif ech och vill Kadoe schenken, sie hunn et genee esou verdéngt wéi mir ze liewen.
Wann ech de Kleesche wier an zaubere kéint, da géif ech dat schwaarzt Lach am Universum zoumaachen, ech géif de Klimawandel stoppen an dofir suergen dass aus den Déiere keng Mäntel gemaach ginn an un hinne keng Schminksaache getest ginn.

Et huet zwar näischt mam Kleeschen ze dinn mee ech wéilt nëmme léif sinn.
Mee dat wichtegst, ech géif dofir suergen dass wa Beem gefällt ginn, déi erëm nowuessen, an dass et ëmmer Drénkwaasser gëtt. All Mënsch sollt esou gutt wéi mir an Europa liewen, en Iwwerdaach an eng Famill hunn. Eben eng friddlech Welt, well mir musse jo och un eis Matmënschen an Nofaren denken.
Jidderee mengt de Kleesche verschenkt nëmme Kadoen. Mee wann ech de Kleesche wär, da wär et esou wéi ech et erzielt hunn.
Jo, wann ech de Kleesche wier an zaubere kéint.”

Nicolas: “Wann ech de Kleesche wier géif ech grad all den aarme Kanner op dëser Welt vill Cadoe bréngen. Ech géif sie no hire Wënsch froen. Zum Beispill Iessen, Kleeder a Spillsaachen, well sie hunn alles vill méi néideg wéi mir (fannen ech emol).
Wann ech de Kleesche wier géif ech emol probéieren all deene Kanner déi esou vill Spillsaachen hunn verständlech ze maachen, dass sie och mol méi den aarme Kanner kéinte matgin. Ech géif versichen hinnen ze soen, dass et si op d’manst esou frou géif maachen, sech mat anere Kanner ze freën, deenen hir Aen vu Freed géife stralen, wéi nëmmen u sech selwer ze denken.
Wéivill Kanner zerbriechen sech de Kapp an denken: A wat soll de Kleesche mer dann dëst Joer bréngen? Wat hunn ech nach net? Oder: Wat hunn ech schonn awer et ass schon net méi dat Neitst?
Wann ech de Kleesche wier géif ech mol de Kanner méi kleng Saache bréngen, méi einfach Saachen. Sie solle sech mol nees dru gewinnen, sech iwwer eppes Klenges ze freën.

E gudde frësche Boxemännchen dee vum Kleesche kënnt schmaacht dach besser wéi dee vum feinste Bäcker!
En neie Liedersball mat deem een onendlech vill Spiller kann erfannen ass dach méi flott wéi déi iwwerflësseg vill plastiks Spillsaachen mat deenen een net emol spille kann!
E gutt Buch, eng säfteg Orange vum Kleeschen … .
Wann ech de Kleesche wier géif ech mol d’Kanner aus Afrika besiche goen, well och sie hunn et verdéngt datt de Kleesche bei se kënnt.
Wann ech de Kleesche wier géif ech mol kucken datt et op der Welt keen Aarmut an Honger géif ginn! Ech géif probéieren eng besser Welt ze schafen!
A wann ech de Kleesche wier géif ech mer de Baart schneiden.”