De Kräsi an de Winnetou: Selbstbestëmmung

De Kräsi mécht 3 Saache gläichzäiteg, oder villméi ofwiesselnd: e Buch kucken, eppes bauen (mat Holzstécker) an zu enger Musék am Hannergrond danzen.
De Winnetou kënnt dobäi.

W. – Yubidu, Kräsi! Du bass jo schéin aktiv.
K. – Moie Winnetou. Mhmm, an ‘t ass richteg ustrengend, dat kann ech der soen.
W. – Ass dat een Trilaton?
K. – Du mengs een Triathlon? Neen, eigentlech net.
W. (kuckt nach e bëssen no)
W. – Kanns de mol eng Sekonn ophalen?
K. – Okee. (mécht d’Musék aus, käicht) Merci, dass de mech gestoppt hues.
W. – Wat hues de dann do grad fir eng Krankheet?
K. – Ech ka mech net entscheeden.
W. – Aha.
K. – Jo. Ech maache grad dräi kuhl Saachen, an ech packen et iergendwéi net, eng no där aner ze erleedegen.
W. – Entscheeden ass ustrengend.
K. – Genee. Et muss een et üben.
W. – Jo. Oder et muss een anerer em Hëllef froen. Mech zum Beispill.
K. – Wéi wëlls du mir dann hei hëllefen?
W. – Ech kéint jo fir dech entscheeden. Da wäers du de Problem lass.
K. – Hmm … engersäits jo. Mee anerersäits kéint ech d’Entscheeden dann net üben. An déi nächst Kéier misst ech dech erëm froen.
W. – Dat wär net schlëmm. Da géif ech der nach eng Kéier hëllefen.
K. – Ech froe mech ob dat eng richteg Hëllef wär. Déi grouss Leit wëllen ëmmer heiansdo soen, wat di kleng musse maachen, awer si wësse meeschtens ëmmer net wat di kleng wierklech wëllen. An da maachen di kleng herno dat wat di grouss wëllen, awer ouni dass hiert Häerz matmécht.
W. – Asou. Dat heescht hiert Häerz wëll eppes anescht. Eppes wat di grouss net wëssen.
K. – Hiert Häerz ass ebe geheim. Dat kenne si nëmme selwer. An duerfir ass et besser wann si selwer entscheeden.
W. – Mee du kanns mir jo verrode wat däin Häerz wëll. An da kann ech der hëllefen.
K. – Hmm … jo, do hues de recht. Wann ech et soen, dann hunn ech mech eigentlech schonn entscheed. Da mécht et och näischt wann s du dobäi bass.
W. – Also: du bestëmms wat s de wëlls maachen, an ech sin däin Atzident.
K. – Assistent, jo. Wann s de wëlls.
W. – Yubidu. Da wëll ech. A wat seet dann elo däin Häerz iwwert déng Beschäftegungen? Wéi eng méchs de gär fir d’éischt?
K. – Hmm … looss mech mol meditéieren … . Weess de wat, Winnetou? Ech maache guer keng. Ech wëll elo léiwer mat dir eraus goen a mam Ball spillen.
W. – Komesch, dat huet mäin Häerz och grad gewollt. Zielt et dann trotzdeem?
K. – Natierlech. Ech hunn et jo entscheed. Also komm.
W. – Yubidu!