
De Ludi spillt
Op enger Spillplaz iergendwou zu Lëtzebuerg
– Hallo Klengen. Wéi heeschs du dann?
– Ma ‘Klengen’ eben.
– Pardon, neen, ech mengen, wéi ass däin Numm?
– Ludi. An däin?
– René.
– Wëlls du mat mir spillen?
– Jo, wann ech däerf.
– Natierlech däerfs de. Oder huet déng Mama nee gesot?
– Neen. Wat méchs du dann?
– Ech bauen eng Buerg aus Sand.
– Oh, gutt. Da setzen ech en Tuerm dobäi.
– Okee.
Si bauen.
– So Ludi.
– Jo, René.
– Wéivill Joer hues du?
– Sechs. An du?
– Fënnefasechzeg. Mee misst du dann net an der Schoul sinn?
– Neen. An du?
– Ech si scho fäerdeg mat der Schoul.
– Ma ech och.

– Mee mat sechs fänkt een awer réischt u mat léieren.
– Wat ass dat, léieren?
– Ma zum Beispill wann s de erkläert kriss wéi dat geet mam liesen, mam schreiwen a mam rechnen.
– Firwat muss ech dat gekläert kréien?
– Fir dass de weess wéi et geet.
– A firwat muss ech dat wëssen?
– Fir dass de kanns Bicher liesen an am Buttek eppes akafen.
– Awer dat mécht méng Mama schonn. An heinsdo de Papa.
– Mee du solls dat an der Zukunft och kënnen.
– Wat ass Zukunst?
– Zukunft ass dat wat méi spéit geschitt. Wann s de méi al bass.
– A okee. Ech sinn awer net méi al. Ech si lo hei a spillen.
– Kanner mussen ufänken ze léieren wann se kleng sinn, well dat dauert laang.
– Firwat?
– Well et schwéier ass.
– Firwat muss ech déi Zukunst da maachen?
– Fir dass de kanns ee Beruff léieren a Geld verdéngen.
– Firwat muss ech ee Ruff mat Geld verdéngen?
– Da kanns de der een Haus kafen an een Auto an an d’Vakanz fueren.
– Ech hu schonn een Haus an een Auto a ganz vill Vakanz. Awer däin Tuerm huet keng Fënsteren. +++