Category: Blog

Vernetzt Denken Vernetzt Denken ass naturno, am Géigesaz zum linearen Denken, dat op vill Auswierkunge vun Handlunge keng Rücksicht hëlt. Wee vernetzt denkt, observéiert genee, wéi all Elementer vun engem System zesummenhänken. E fügt sech dann an dee System an a beaflosst e just esou wäit, dass e selwer dovu profitéiert, ouni d’nohaltegt Funktionéiere vum […]

Read more

Biergersënn Biergersënn ze hunn bedeit, sech fir d’Allgemengwuel matverantwortlech ze fillen, sech fir d’Gesellschaft zeintresséieren a sech fir hir ganzheetlech, positiv Evolutioun anzesetzen. Et ass an enger Zäit vu gewaltegen ökologeschen a sozialen Erausfuerderungen enorm wichteg, dës Verantwortlechkeet sech vu klengem un entfalen ze loossen.LuDUS fërdert Biergersënn duerch praktizéiert Demokratie an dem aktive Kontakt mat […]

Read more

Geloossenheet Geloossenheet ass e Gefill vu Rou, vu Sécherheet, vu Selbstvertrauen och a schwirege Situatiounen. Si ka sech entwéckele wann e Mënsch d’Méiglechkeet kritt sech an enger Communautéit, an där e sech wuelfillt, selwer kennenzeléieren, seng Méiglechkeeten ze entdecken a seng Grenzen ze akzeptéieren.LuDUS fërdert Geloossenheet mat Meditatioun, dem Asaz fir Gerechtegkeet a vill Zäit […]

Read more

Matgefill Matgefill ass d’Basis fir d’Heelung vun eiser kranker Welt. Bedierfnesser vun anere kennen, respektéieren a wa méiglech erfëllen hëllefen gëtt dem Liewen een déiwe Sënn a schaaft Vertrauen a Gebuergenheet. All Liewewiese si matenee verbonnen an openeen ugewisen; well se awer verschidde sinn, muss et ee gerechten Ausgläich tëscht hire Liewensziler ginn.LuDUS fërdert Matgefill […]

Read more

Kooperatioun Kooperatioun mécht vill Projeeë méi einfach, well se d’Talenter vun eenzelne Mënsche zesummebréngt an d’Motivatioun stäerkt, en Zil ze erreechen. Kooperatioun erméiglecht géigesäiteg Ennerstëtzung, Inspiratioun an Ausbildung, a si entwéckelt Matgefill a Suerg em déianer.LuDUS fërdert Kooperatioun duerch Altersmëschung, de Verzicht op Vergläicher tëscht Individuen a kollektiv Entscheedungsprozesser.

Read more

Kommunikatioun Eng effizient Kommunikatioun vervillfacht d’Wëssen a stäerkt d’Gruppenidentitéit. Wa keen Angscht huet seng Meenung ze soen a jidderee sech kloer, differenzéiert an ëmfaassend ausdréckt, entsti manner Konflikter an de Grupp entwéckelt sech méi séier weider.LuDUS fërdert Kommunikatioun duerch kloer sproochlech Referenzen, reegelméissegen Austausch/Feedback a rhetoresch Übungen.

Read more

Kritescht Denken Kritescht Denken ass d’Fäegkeet, selbstänneg ze iwwerleeën, Traditiounen, Reegelen an Aussoe vun aneren ze hannerfroen an der eegener Intuitioun ze follechen. An enger Zäit vu Manipulatioun a falschen Informatiounen ass dat iwwerliewenswichteg.LuDUS fërdert kritescht Denken mat Debatten, der Sich no Quellen an eegenem Journalismus.

Read more

by Scott David Gray There is a stigma against people who are perceived to be “doing nothing”. The greatest fear that most adults have, vis-a-vis children enrolled in Sudbury Valley, is that those children will do nothing. These fears arise from the failure to see just how little “nothing” people actually do here. When those people […]

Read more

Kreativitéit Kreativitéit ass d’Kompetenz, fir aus Bekanntem Neies ze schafen, fir mat Logik a Fantasie Erausfuerderungen ze begéinen. Kreativitéit brauch onbegrenzte Méiglechkeete fir ze spillen, auszeprobéieren a Feeler ze maachen. Heiansdo brauch se ee Kader, mee Bewäertung an Drock dinn hir net gutt.LuDUS fërdert Kreativitéit mat Virbiller, déi Neies ausprobéieren, mat fräiwëllegen “Challenges” a mat […]

Read more

Virwëtz Virwëtz ass d’Energie, déi mer brauche fir eppes wëllen ze verstoen oder ze léieren. Virwëtz brauch Saachen, Liewewiesen a Situatiounen, déi sech beobachten an erfuersche loossen, an Zäit fir dat ausféierlech ze maachen. Virwëtz ass d’Basis vun neien Erkenntnesser. Wann de Virwëtz kee Raum kritt fir sech z’entfalen, stierft en of a bréngt Mënschen […]

Read more