
Mir Membere vum Conseil d’Administration vu « LuDUS asbl. – Léieruert fir Demokratie, Uechtsamkeet a Selbstbestëmmung » wëlle jonke Mënschen (Kanner a Jugendlechen) d’Méiglechkeet bidden, zesummen hiren Dag ze verbréngen, dobäi ze léiere sech selwer an anerer ze respektéieren an hir eege Perséinlechkeet souwéi hiert eegent Potenzial iwwer selwer gesteiert Léierprozesser ze entdecken.
Wanns du Loscht hues, da mell dech bei eis a schaff mat.
Als Psychologin a Psychotherapeutin begleet d’Myriam jonk a manner jonk Mënschen an hirer perséinlecher Entwécklung. Vun Natur aus ganz virwëlzeg a permanent um Léieren, intresséiert et sech fir pedagogesch Alternativen, ökologesch Transitioun, Shiatsu, Qigong an Uechtsamkeetsmeditatioun. Seng Fräizäit verbréngt et gär mat Liesen, Reesen an Dreemen.
De Georges schafft zënter 1986 als Enseignant am Grondschoulberäich. Hien huet Erfarung mat Kanner- a Jugendgruppen am Kader vun der Friddenserzéiung. Während 7 Joer huet hie beim soziokulturelle Radio d’Kannersendung “Krappschass & Co.” mat moderéiert. Och privat ass hie faszinéiert vun Toun a Musék. Ausserdeem intresséiert en sech fir Science Fiction, Comics, Konscht, (Poppen-)Theater, d’Natur an d’Evolutioun vum mënschleche Bewosstsin, Naturwëssenschaft, Philosophie, Ethik, Meditatioun a Yoga a fir Schräinerei, Permakultur a vegan Ernährung. Hie wandert a schnorchelt gär a spillt gär Gesellschaftsspiller.
- Vania, die sich leidenschaftlich für die Verbindung zu anderen
Menschen, zur Natur und zur Spiritualität interessiert, ist ständig auf
der Suche nach Alternativen zu den in unserer Gesellschaft
vorherrschenden kulturellen Bezugspunkten, um sich und andere zu
inspirieren. Unter diesen Alternativen interessiert sie sich vor allem
für andere Bildungsmodelle, die den Menschen mehr respektieren, die
Entwicklung der Person in den Mittelpunkt stellen und junge Menschen vor
allem in ihrer persönlichen Entfaltung begleiten. Getragen von ihrer
Erfahrung als Moderatorin von Bewusstseinsbildungs-prozessen zu
verschiedenen Themen im Zusammenhang mit dem Zusammenleben
(Antidiskriminierung, gewaltfreie Kommunikation, Konfliktlösung,
Chancengleichheit, Empowerment usw.) möchte sie durch ihre verschiedenen
Engagements den Bürgerinnen und Bürgern von heute und morgen eine
andere Welt schmackhaft machen.
In ihrer Freizeit liest Vania gerne, träumt, macht Yoga und atmet die frische Luft,
die von unseren wertvollen Bäumen geliefert wird.
Fréier Membere vum Conseil d’administration vu LuDUS
Misch, Sandy, Christophe, Véronique, Mim, Diane, Lenka, Dominique, Horst, Jordi a Max

1a, route de Luxembourg
L – 7240 BERELDANGE
Email : info(at)ludus.lu Tél. 00352 661 91 21 65
BCEELULL LU54 0019 5255 0486 1000
You must be logged in to post a comment.