Selbstbestëmmung
Selbstbestëmmung bedeit, dass d’Handelen an eiser Communautéit aus eegener Iwwerleeung an Entscheedung eraus erfollegt. Jiddereen ass selwer verantwortlech dofir, wéi a mat weem e seng Zäit verbréngt. Et gëtt kee Stonneplang, keng Plichtaufgaben (ausser deenen, déi mer gemeinsam ofstëmmen) a keng virbestëmmte Gruppen oder Alterskategorien. Een Haaptzil vum Léieruert ass d’Förderung vu selwergesteierter Entfalung, an dozou gehéiert, dass keen engem virschreift wat ee léiere soll. Och gëtt et keng Bewäertungen a Vergläicher ausser deenen, déi ee vis-à-vis vun sech selwer virhëlt. D’Léierbegleeder bidden awer hir Ënnerstëtzung u wann se erwënscht ass, an si offréieren oder organiséieren Couren an Atelieën zu hiren eegene Passiounen.