Allgemeng

LuDUS ass en informellen Treffpunkt a Léieruert fir Kanner vu 4 Joer un, dee sech un de Prinzipie vun enger demokratescher Schoul orientéiert.

Nodeem s de Veräin zënter 3 Joer besteet, huet LuDUS endlech e Gebai fonnt a seng Diren am September 2021 zu Bäreldeng opgemaach. Am Ament huele mer Homeschooler op (d.h. Kanner a Jonker mat enger Autorisatioun vum Ministère fir “Enseignement à domicile”), déi dann all Dag vun engem bezuelte Coordinateur a fräiwëllege Léierbegleeder betreit ginn.

D’Kanner kënnen hire Potenzial entwéckelen, Vertrauen a sech selwer an an hir natierlech Léierfäegkeete gewannen a Selbstwierksamkeet, Zesummenaarbecht a Solidaritéit erliewen.

 

Wéi LuDUS foncionnéiert

D’Kanner wiele fräi – sou wéi et hirem Rhythmus an hiren Intressen entsprécht – wat a wéi se wëlle léieren (Materialien, Atelieeën, Ausflich, …).

Léierbegleeder ënnerstëtzen déi di léieren an hiren Aktivitéiten.

All Entscheedunge gi gemeinsam no soziokratesche Prinipie getraff.


Firwat “LuDUS”? :

De Begrëff “LuDUS” bezitt sech op dat laténgescht Wuert “ludus”, dat “Spill”, “Léieren”, “Schoul”, “Training”, “Sport” a “Spaass” bedeit.

Et ass och eng Ofkierzung fir “Léieruert fir Demokratie, Uechtsamkeet a Selbstbestëmmung”, wat sech vun enger traditioneller Schoul doduerch ënnerscheed, dass et en Uert ass wou jonk Mënsche léiere wëllen a wou d’Léieren ee perséinleche Prozess ass an net d’Resultat vun enger “Beléierung”.

Et ass eng Plaz wou léiere lieweg ass a Freed mécht.

Eis Visioun :

Ugedriwwen duerch d’Visioun vun engem Bildungskonzept, dat den natierleche Wonsch no léieren erhält, ass am Joer 2018 eng Ekipp vun Enseignantën, enger Psychologin an Elteren entstanen, déi et de Kanner vun haut – de bewosste Bierger vu muer – erméigleche wëll, d’Welt fräi z’erfuerschen, hiert Potenzial (nei) z’entdecken, kreativ ze sinn, sech géigesäiteg z’inspiréieren, zesummenzeschaffen an eng méi gerecht an nohalteg Welt ze schafen.

Den Ament ass LuDUS am Stadium vun engem Ressourcenzenter wou jonk Homeschooler sech begéinen, fir op hir eegen Aart a Weis gemeinsam ze léieren.

Laangfristeg géif eis Ekipp gären eng nei Bildungsalternativ zu Lëtzebuerg opbauen, a Form vun enger fräier demokratescher Schoul, déi jidderengem opsteet.

 

Eis Ressourcen :

LuDUS gëtt z.Z. nom Prinzip vun der gemeinschaftsbaséierter Economie finanzéiert, wat de Kanner et erlabt, onofhängeg vum Akommes vun hirer Famill deelzehuelen.

Dëst dréckt sech aus als Solidaritéit tëscht den Notznéisser an dem Veräin deen de Projet dréit op där enger Säit, an tëscht den Notznéisser selwer op där anerer.

An der Praxis wielt all Famill d’Héicht vun hirem Bäitrag esou, dass kollektiv d’Betribskäschte vu LuDUS fir dat ganzt Joer gedeckt sinn.

LuDUS kritt keng staatlech Ennerstëtzung a gëtt eleng durch den Elteren hir finanziell Bäiträg an duerch Donë finanzéiert.

 

Detailléiert Konzept

Dir kënnt eist detailléiert Konzept hei liesen an eroflueden.

1a, route de Luxembourg
L – 7240 BERELDANGE
Email : info(at)ludus.lu Tél. 00352 661 91 21 65
BCEELULL LU54 0019 5255 0486 1000