Fir eise Léieruert ze realiséiere brauche mer fir d’alleréischt eng gëeegent Plaz.

Ideal wier ee  Gebai mat engem groussen an e puer klenge Raim, enger Kichen, Sanitäranlagen, engem Gaart, Park an/oder Bësch nobäi an an der Géigend vun enger Gare an/oder engem Bus-Arrêt. LuDUS géif probéieren dat Gebai ze lounen, ze kafen oder geschenkt ze kréien.

Mir kënnen eis och virstellen, ee Grondstéck an der Natur (Wiss, Bësch) ze lounen, ze kafen oder geschenkt ze kréien. Hei misste mir dann nach verschidden administrativ Démarche maache fir do zum Beispill een TinyHouse opzeriichten.

Wanns du eis hëllefen kanns schreif eis w.e.g. eng e-mail: info@ludus.lu