De Pilotprojet vu LUDUS a.s.b.l. riicht sech un Homeschooler ab 4 Joer a leeft vun Ufank Juni 2021 bis Enn Juli 2022 zu Bäreldeng.
 

Oflaf

Phas 1

Tëschent dem 7. Juni 2021 an dem 15. Juli 2021 (inclus) organiséiert LuDUS mat den ageschriwwenen an interesséierte Jonke 3 Nomëtteger pro Woch (dënschdes, mëttwochs an donneschdes; net op Feierdeeg)  vu 14.00 bis 17.00 Auer.

Phas 2

Vu Mëtt September 2021 un ass de Léieruert ausserhalb vun de Schoulvakanzen an de Feierdeeg op vu méindes bis freides vu 7:30 bis 16:30 Auer. Déi Jonk kommen je no ageschriwwenen Deeg an Auerzäiten. Wärend der ganzer Ëffnungszäit gëtt d’Begleedung vu fräiwëllege Begleeder (Membere vu LuDUS a.s.b.l., eventuell och Tuteuren) vun der LuDUS a.s.b.l assuréiert.

Verantwortung

LuDUS a.s.b.l.: Déi fräiwëlleg Begleeder ënnerstëtzen déi Jonk esou wéi am Konzept beschriwwen an de Beräicher selbstbestëmmt Léieren, Demokratie an Uechtsamkeet. D’A.s.b.l. huet eng Versécherung, déi d’Aktivitéiten ofdeckt.

Famillen/Elteren/Tuteuren:
D’Verantwortung fir d’Léiere vum jonke Mënsch mat Homeschoolingstatus bleift rechtlech bei den Tuteuren. Jidderee bréngt säin Iessen all Dag (ausser gemeinsam Kachaktivitéit) selwer mat. Déi aktiv Hëllef a Mataarbecht vun den Tuteuren ass wëllkomm.

Finanzement

De Pilotprojet gëtt gemeinschaftsbaséiert finanzéiert. Bedeelegt an interesséiert Persounen definéieren hire Bäitrag selwer. Gemeinsam gëtt de Gesamtbudget vum Projet mindestens gedeckt.

Interesséiert?
Wann Dir dorunner interesséiert sidd, um Pilotprojet deelzehuelen, da kontaktéiert eis wgl.. Mir mellen eis zäitno bei Iech.